Wat wëllen mir erreechen ?
Zieler vun den Memberen vun der GTSL leien all am Beräich vun der Verbesserung vun der psychescher Gesondheet et geet drëm :
D'Vernetzung vun Gestaltherapeuten an Traineren zu Lëtzebuerg an der Groussregioun ze vereinfachen,
Informatiounen an Publikatiounen iwwert verschidden Trenden vun der Gestalt Therapie besser kennen zirkuléieren ze loossen,
Verëffentlechungen vu Saachartikel ze fërderen, an d'Kommunikatioun unhand vun verschidden sozialen Medien auszebauen,
Virträg, Konferenzen an Rieden ze organiséieren
Wei eng Kategorien vun Memberen gëtt et ?
Vollmember– Viraussetzung ass dat een eng unerkannten Ausbildung an der Gestaltpsychotherapie ofgeschloss huet. Dees Ausbildung muss den Standarden wei z.B. EAGT, DVG oder aneren offiziellen unerkannten Associatiounen entspriechen.
Assozieierte Member – Viraussetzung ass Interessi un der Gestaltherapie ze hunn an gestaltherapeutesch Erfarungen mat Therapeuten an Beroder gemaach hunn. Dees Memberschaft ënnerleit allerdéngs der Appreciatioun vum Comité. Dat heescht den Comité entscheet vun Fall zu Fall ob en als assozieierte Member ugeholl gëtt oder net.
Éieremember – All Persoun déi d'Aarbecht vun der GTSL verbesseren oder ënnerstëtze kann.
D`Steiergrupp vun d`GTSL
President: Una Mirkovic
Sekretär: Ivana Ballova
Trésorier: Lau Holm
Web-responsible: Elisabeth Wille
Kontaktdaten:
President: Una Mirkovic at unamirkovic.gestalt@gmail.com
Sekretär: Ivana Ballova at ivanaballova@yahoo.com